Samedi 18 Mai 2024
taille du texte
   
Samedi, 09 Janvier 2010 00:00

En total vereenten August

Och wa mir e sonneg waarme Juli haten, mat deels bis zu 40 Grad Celsius, sou huet sech déi zweet Halschent vum Haaptsummermount August éischter vu senger schlechtester Säit gewisen. Dass et immens reeneresch an eigentlech fir en August och vill ze kal war, brauch een hei kengem ze soen. Ma dass den August 2010 sämtlech Reenrekorder gebrach huet, weess sécherlech keen sou genee.

Net manner wéi 178,4 Liter Waasser pro m2 sinn am Grand-Duché vum Himmel erofgaang, d'Moyenne läit normalerweis awer nëmme bei 64,3 Liter de m2.

Sou en Taux ass et zanter 1947 offiziell nach net ginn. Bis ewell war de Rekord, mat 174,8 Liter op de m2, am August 2006 erreecht ginn. Ma nëmmen zwee Deeg sinn duergaang, fir de Rekord ze klappen. Den 12. an 27. August huet den Himmel seng Schleisen opgemaach an et sinn allkéiers ronn 35 Liter op de m2 gefall.

Ma net nëmmen de ville Reen huet Lëtzebuerger a sengen Awunner ze schafe gemaach, en plus hunn nach d'Pullovere missen aus dem Kleederschaf gezu ginn. D'Temperaturen dësen August waren alles anescht wéi waarm. Éischte Schätzunge no, loung d'Duerchschnëttstemperatur net méi héich wéi aremséileg 16,5 Grad Celsius. Normal sinn 17,3 Grad. Och d'Sonn huet sech verhältnisméisseg net vill weise gelooss, mat nëmmen 189,2 amplaz vun den 226,8 Sonnestonne fir e normalen August.

Bleift deemno elo just nach d'Hoffnung op en sougenannten Indian Summer, an dass ee sech wéinstens an engem sonneg waarmen Oktober nach ëmol am T-Shirt presentéieren dierf. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn